Am Fabien Muller sengem Liewen als Philosoph spillt sech vill an de Bicher, respektiv a sengem Kapp of.

Spannend si seng Recherchen op der Harvard Divinity School an den USA iwwer déi grouss Froe vum Liewen allemol. Fir déi krut de jonke Philosoph um Dënschdeg de Mercier Präis vun der Universitéit Louvain.

De Fabien Muller mat engem philosophesche Buch an der Hand. Vu sengem 15. Liewensjoer un ass dat Alldag. E Philosophie-Studium an Däitschland ass déi logesch Konsequenz. Duerno Openthalt an Asien. An dunn huet de Fabien Muller decidéiert, Mënch ze ginn:

“No mengem Masterstudium hunn ech mir d’Fro gestallt, wat ech mat mengem Liewe maache soll. Wéi dat esou ass, wann ee säi Master fäerdeg huet. D’monastescht Liewen huet mir wéi eng Unitéit geschéngt, an där ech nach weider kéint liewen. Ech wollt Philosoph sinn, meditéieren an en Dagesrhythmus hunn, dee mäi Liewen zesummenhält. Ech hu mir gesot, dass ech alles dat an enger Abtei ka fannen."

Op der renomméierter Harvard-Universitéit konnt hie bei engem Professer promovéieren, dee sech – wéi hien – fir den net schrecklech bekannte Philosoph Evagrius Ponticus interesséiert. Als Metaphysiker – op der Sich nom Sënn vum Sinn – interesséiert hie sech och fir d’Chrëschtentum, de Buddhismus an den Hinduismus.

RTL

© Youtube vun der Harvard Divinity School

"Ech kucken, wat an deene Relioune philosophesch ass, a wat ech mat deenen Elementer ka maachen. Och d’Fro interesséiert mech, wat en Dialog tëscht de Relioune kann dozou bäidroen, dass et an der Welt manner Problemer ginn."

De Fabien Muller ka seng Aarbecht och simpel beschreiwen. Den Titel, fir deen hien de renomméierte Mercier-Präis vun der Uni Louvain iwwerzeegt krut, versprécht awer komplex Zesummenhäng: «Kenologische Versuche: Der Johannesprolog zwischen Nāgārjuna, Vasubandhu und Meister Eckhart.

“De Prix Mercier freet mech, well en d’Philosophie éiert. Fir mech ass dat d’Geleeënheet, vun deem ze schwätzen, wat ech wierklech maachen”,
esou de Fabien Muller.